47. Landjugenddag 2023 zu Tandel

18.05.2023 09:30h
De 47. Landjugenddag steet virun der Dier dofir invitéiert iech d`Landjugend Furen dëst Joer fir den 18. Mee op Tandel.

Dagesprogramm:

9:30 Auer – Jugendmass mam Här Äerzbëschof S.Em. Jean-Claude Kard. Hollerich zu Tandel am Bannenhaff vun der Maison Relais
10:45 Auer – Éierewäin zu Tandel an der Maison Relais offréiert vun der Gemeng Tandel
11:30 Auer – Mëttegiessen am groussen Zelt bei der Entrée a Startschoss vum Rallye
15:00 Auer – Concert vun der Houser Musek
16:30 Auer – Concert vun der Dikrecher Musek

De Ganzen Dag ass Kanneranimatioun fir di Kleng an eng Kaffisstuff fir di Grouss. Och fir Iessen an Gedrénks ass den ganzen Dag gesuergt.

Géint 20:30 Auer – Dekanatsspill fir d`Lëtzebuerger Landjugenden
22:00 Auer – Präisiwwerreechung mat uschléissendem Bal mam DJ Pikay

Detailer

  • D`Umeldung an d`Bezuelung kann am viraus gemaach ginn mat enger Email op lj-furen@hotmail.com oder awer och den Dag selwer um Parking vun der Maison Relais.
    De Präis leit bei 20€/Persoun. D`Mëttegiessen an ee Gadget sinn am Präis mat abegraff.
  • Eng Equipe besteet aus min. 4 Persounen.
  • Bei der Umeldung kritt dir een Froebou deen dir bis zum nächsten Spill ausgefëllt sollt ofginn. Sou verleeft dat den ganzen Rallye bei all Spill kritt dir een neien Froebou. Falls dir den Froebou ënnerwee verléiert gëtt dësen net gezielt!
  • Et sinn am Ganzen 5 Spiller dovun eent Waasserspill dofir bréngt eng Schwammbox/Maillot an dresche Kleeder mat.
  • Den Tour vum Rallye ass ongeféier 8 km laang an ass mat der Kannerkutsch befuerbar.
  • Op all Spill ass een Gedrénksstand an op all zweetem Spill een Grillstand.

Halt iech den 18. Mee 2023 also onbedéngt fräi an vergiesst op keen Fall den 19. Mee Congé anzedroen.

Mir freeën eis ob iech an bréngt genuch Honger Duuscht an natierlech gutt Laun mat!

Adress
4 Veianerstrooss |L-9395 Tandel