Den IVLB organiséiert de Sonnden 21.09 vu 10:30-17:00 eng Porte Ouverte um Biohaff Baltes zu Steeën. Hei soll di ganz Bio-Landwirtschaft vu Lëtzebuerg duergestallt ginn. Vill Bio-Betriber an Acteuren/Actricen aus dem Bio-Beräich sinn ob dësen Dag mat engem Stand a mat hire Produkter präsent. Kommt laanscht, fir de Biohaff ze entdecken, mat de Produzent:innen ze schwätzen a regional Bio-Produiten ze genéissen. Et gëtt Féierungen um Haff, Aktivitéiten fir Kanner, Informatiounen iwwert d’Bio-Landwirtschaft an natierlech vill Geleeënheeten ze schmaachen a Froen ze stellen.
Kommt a feiert mat eis d’Bio-Vielfalt vu Lëtzebuerg – mir freeën eis op Iech!
Wéini: de Sonnden 21.09 vu 10:30-17:00
Wou: Biohaff Baltes zu Steeën
Website: www.biobaltes.lu
ivlb.lu
biogreenbeef.lu
biomaufel.lu