Enovos & Eist Ee invitéieren Iech häerzlech op Sprénkeng, fir zesumme mat eis déi nei Agri-Photovoltaik-Anlag “An Dudel” z’entdecken.
Entdeckt wéi Innovatioun an nohalteg Landwirtschaft Hand an Hand ginn: op geféierte Visiten kritt Dir en exklusive Bléck hannert d’Kulissen, an eng Virtuell Realitéit-Erfarung hëlt Iech mat an d’Welt vun der Zukunfts-Energie.
Fir d’kulinaresch Genoss suerge regional Spezialitéiten, erfrëschend Gedrénks an eng gemittlech Atmosphär. Och fir d’Kanner gëtt et spannend Aktivitéiten an eng Portioun Spaass – sou kënnt d’ganz Famill op hier Käschten.
Kommt laanscht, verbrengt een inspiréierenden a relaxen Dag mat eis a loosst Iech weisen, wéi Energiewende a Landwirtschaft sech perfekt ergänzen!
Wéini: Sonnden, den 21. September vun 10h bis 17h
Wou: Bio-Haff an Dudel | 2 Rue Nicolas Calmes | L-4998 Sprinkange