Porte Ouverte Maison Viticole Schmit-Fohl

26.09.2024 14:00 - 19:00h

Wéini :
Vum Donneschde 26.09.2024 bis de Samschden 28.09.2024

Wou :
8, rue de Niederdonven L-5401 Ahn

Programm :

Wärend der BIO-Woch 2024 begréisse mir Iech vum Donneschde 26/09/2024 bis de Samschden 28/09/2024 bei eis zu Ohn (8, rue de Niederdonven L-5401 Ahn).

Um Programm stinn d’Degustatioun vun all eise Crémant’en a Wäiner vu 14h00 bis 19h00. Donieft organiséiere mir 1 mol am Dag (Ufank tëscht 16h00 a 17h00, jee no Umeldung) en Tour duerch eis Kelleren. Dobäi maache mir och e klenge Stopp an eisem neie Kelterhaus, wou mir mat bëssche Chance gesi wéi d’Presse gefëllt ginn an och den éischte Jus vum 2024er Joergang zesumme schmaachen.

D’BIO-Woch fënnt héchstwarscheinlech wärend der Drauwelies statt, dofir biede mir Iech aus organisatoresche Grënn Iech fir de Kellertour unzemellen:

contact@schmit-fohl.lu
00352 760 231