A Zesummenaarbecht mat Restopolis, hunn BIO-Produzenten an de Schoulrestauranten a -Kantinnen vu 5 Lycéeën, op de BIO opmierksam gemaach.
Net manner wéi 48 Geschäfter hunn unhand vun Hiwäisschëlder ugewisen aus wéi engen Himmelsrichtung d’Liewensmëttel ugeliwwert ginn a vu wou aus dem Land genau d’BIO-Produkter am Rayon hierstamen.
12 Gemengen hunn un der BIO-Woch deel geholl. Sie hunn hir Zoustëmmung gi fir Hiwäisschëlder am ëffentleche Raum opstellen, déi ugewisen hu wou sech d’BIO-Produzenten an der direkter Ëmgéigend befonnt hunn.