Table Ronde “BIO”

20.09.2025 15:00 - 18:00
« Table Ronde » iwwer Bio am Teranga zu Schëffleng

Am Teranga organiséiert d’Biovereenegung zesumme mat SOS Faim den 20. September eng “Table Ronde”.

Kommt laanscht fir inspiréierend Gespréicher mat Bio-Expert:innen, Produzent:innen an engagéierte Leit aus der Praxis. Mir schwätzen iwwert d’Herausfuerderungen an d’Zukunft vun der biologescher Landwirtschaft zu Lëtzebuerg.

Duerno invitéiere mir Iech op eng kleng Degustatioun vu lokale Bio-Produiten – fir ze schmaachen, wat Bio heescht!

Wéini: Samschten, den 20.09.
Wou: Teranga, Schifflange
Website: https://www.sosfaim.lu/en/exemple-action/la-maison-des-alternatives-alimentaires-teranga/
https://teranga.lu/
Umeldung: hello@teranga.lu