Am Teranga organiséiert d’Biovereenegung zesumme mat SOS Faim den 20. September e « Panel de discussion et dégustation ».
Kommt laanscht fir inspiréierend Gespréicher mat Bio-Expert:innen, Produzent:innen an engagéierte Leit aus der Praxis. Mir schwätzen iwwert d’Herausfuerderungen an d’Zukunft vun der biologescher Landwirtschaft zu Lëtzebuerg.
Duerno invitéiere mir Iech op eng kleng Degustatioun vu lokale Bio-Produiten – fir ze schmaachen, wat Bio heescht!
Wéini: Samschten, den 20.09.
Wou: Teranga, Schifflange
Website: https://www.sosfaim.lu/en/exemple-action/la-maison-des-alternatives-alimentaires-teranga/
https://teranga.lu/