D’Bio-Boucherie vum Traiteur Niessen um Belair mécht den Donneschden, 25. September, hir Dieren fir de Public op.
Geplangt ass eng kleng Visitt vun ongeféier 30 Minutten duerch den Atelier, wou eng Demonstratioun vun der Produktioun vu Rieslingspaschtéitchen an aner Fleeschprodukter gewise gëtt. Dir kënnt Froe stellen a selbstverständlech och verschidde Produite schmaachen.
Dës Porte Ouverte ass gratis fir de Public. Aus hygiénesche Grënn biede mir Iech just, Iech am Viraus unzemellen, entweder per Mail op luc@niessen.lu.
Wéini: 25. September 2025 von 13:00-14:00
Wou: 137 Av. Gaston Diderich | L-1420 Belair
Umellung: E-Mail an luc@niessen.lu
Präis: gratis