Wärend der Bio-Woch 2025 begréisse mir Iech vun Mëttwoch, den 24. September, bis Freideg, den 26. September bei eis zu Ohn.
Um Programm stinn all Dag vun 14:00 bis 19:00 Auer d’Degustatioun vun eise Crémanten a Wäiner. Zousätzlech bidde mir eemol am Dag eng Kellerféierung un (Ufank tëscht 16:00 an 17:00 Auer, jee no Umeldung). Dobäi hu mir och e Stopp an eisem neie Kelterhaus virgesinn, wou Dir – mat e bëssche Chance – d’Fëllung vun de Pressen nokucke kënnt a mam éischte Jus vum Joergang 2025 uschmaache kënnt.
Well d’Bio-Woch héchstwahrscheinlech an d’Zäit vun der Drauwelies fält, froe mir Iech aus organisatoresche Grënn, Iech fir de Kellertour unzemellen:
Wéini: Mëttwoch, den 24. September, bis Freideg, den 26. September vun 14h00 bis 19h00
Wou: 8, rue de Niederdonven L-5401 Ahn
Website: https://schmit-fohl.lu/fr/
Umeldung: E-Mail: contact@schmit-fohl.lu oder Tel: 00352 760 231