Dem Bio-Bauer säi ganze Stolz
D’Vereenegung fir Biolandwirtschaft Lëtzebuerg a.s.b.l. organiséiert am Joer 2024 mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de l’Agriculture, de l‘Alimentation et de la Viticulture an der Direction de la protection des consommateurs, déi 2. Bio-Woch “Dem Bio-Bauer säi ganze Stolz“, déi tëschent dem 20.09. an dem 29.09. stattfanne wäert. D’Bio-Woch ass eng grouss ugeluechte Sensibiliséierungscampagne fir d’biologesch Landwirtschaft an hir Produkter. Et geet drëms de ganze Bio-Secteur ze presentéieren, mat méiglechst ville Partner de Konsumenten d’naturbeloosse reng Bio-Iesswuere vun heiheem méi no ze bréngen a soumat de Bio weider ze etabléieren.
Wou sëtzt den noosten Bio-Bauer dee mir seng Bio-Wuere ka verkafen? Dëst ass déi zentral Fro op déi dës Campagne ageet a versicht Äntwerten ze ginn. De Betruechter gesäit mat Hëllef vu Feilschëlder wou d’Bio-Häff sech zu Lëtzebuerg befannen.
Vill Bauere lueden och bei dëser Editioun erëm am Kader vun enger Porte Ouverte op hiren Haff an. An de Kantinnen an de Restaurante vun de Lycéeën gëtt wärend der Bio-Woch ganz vill Bio verschafft an d’Schüler ginn iwwer d’Thema Bio vun de Bio-Bauere selwer informéiert.
Fannt op dëser Plaz ëmmer erëm en aktualiséierte Programm, wat alles am Kader vun dëser 2. Bio-Woch stattfanne wäert.
Huelt Deel un eiser Bio-Woch vum 20. September – 29. September 2024.
Besicht eis Bio-Baueren op hirem Haff, huelt un engem oder méi vun den Eventer Deel, déi am Kader vun der Bio-Woch organiséiert ginn, a kacht a genéisst Bio-Liewensmëttel vun heiheem.
made in
Luxembourg
Wou kann een zu Lëtzebuerg
regional Iesswuere kaafen?